ÄR FIDUCIAIRE ZU LËTZEBUERG
FIACCOM ass eng Fiduciaire déi hire Clienten hir Kompetenz a villen Beräicher ubitt, wéi zum Beispill:
Comptabilitéit - Steiererklärungen - Gestioun vun den Salairen an aner administrativ Servicer – Management- a Steierberodung fir Betriber a Privatpersounen - Ënnerstëtzung bei der Gesellschaftsgrënnung - Domiziliséierung vu Gesellschaften - asw.
D'Beherrschung vun op d'mannst de gängegste Sproochen zu Lëtzebuerg (Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Däitsch), kombinéiert mat eiser fachlecher Kompetenz an eisem Netzwierk zu Lëtzebuerg, ewéi och an der Groussregioun, sinn exzellent Konditioune fir eng verlässlech Partnerschaft zesummen mat eise Clienten.


EIS SERVICER
Comptabilitéit
Als Chef vun enger Entreprise ass et wichteg fir de gudde Fonctionnement vun Ärer Entreprise ze garantéieren, ënnert aanerem d’Rentabilitéit ze iwwerwaachen an déi richteg Entscheedungen zu der richteger Zäit ze treffen. Et ass dofir onerlässlech, op eng organiséiert an aktuell Comptabilitéit zréckzegräifen ze kënnen.
Fir d'Evolutioun vun Ärer Entreprise mëttel- a laangfristeg ze plangen, hëlleft d'Analyse vun Äre Bilanen a Gewënn- a Verloschtkonten, wéi och d'Extrapolatioun vun all dësen Donnéeën, Iech bei der Wiel vun strategeschen Optiounen.
FIACCOM ënnerstëtzt Iech bei:
-
der Organisatioun an dem Féiere vu Comptabilitéitspläng
-
der Kontroll an der Erfaassung vun Buchungsbeleeg
-
der Comptabilitéit vun den Débiteuren, oppenen Posten an Echeancen
-
der Comptabilitéit vun de Fournisseuren an den Echeancen
-
der Finanzbuchhaltung
-
der Opstellung an der Analyse vun de Bilanen
-
de Steiererklärungen
-
den INTRASTAT-Erklärungen
-
der Opstellung vun den TVA-Erklärungen
-
der Analyse, Statistik an der Berechnung vun de Ratioen
-
der Preparatioun vun de Generalversammlungen
-
der Publikatioun vun de gesetzlech obligatoreschen Dokumenter/ Informatiounen
-
asw.
Gestioun vun de Salairen an aner administrativ Servicer
FIACCOM ënnerstëtzt d‘Direktioun mat enger kompletter Pallett u Servicer a Leeschtungen am Beräich vun der Personalverwaltung. Dës Offer deckt alles of, wat obligatoresch, noutwenneg an nëtzlech am Beräich vun der Sozialgesetzgebung ass.
Eis Offer ëmfaasst:
-
d'Erstellung vun de monatleche Gehaltsziedelen pro Mataarbechter
-
d'Erstellung vun de Gehaltszertifikater um Enn vum Joer bzw. um Enn vum Vertrag
-
d'Erstellung vun de monatleche Sozialversécherungserklärungen
-
d'Erstellung vun den Ufroën fir d'Remboursement vun de Krankheetsindemnitéiten
-
d'Gestioun vum Detachement vun de Mataarbechter
-
d'Ënnerstëtzung bei der Redaktioun vun Aarbechtskontrakter, Korrespondenzen, etc.
-
d'Ënnerstëtzung am Beräich vum Aarbechtsrecht a Sozialversécherungen
-
d'Gestioun vun den Personal-Dossieren
-
asw.
Steiererklärungen
FIACCOM ënnerstëtzt Iech an de verschiddene Beräicher vun den Steieren. Eis emfangräich Erfahrung mat der Besteierung vu physesche Persounen, souwéi déi déifgräifend Kenntnisser vun der Besteierung vu Gesellschaften a fräiberuffleche Beruffer, erlaben eis, Iech Léisungen unzebidden, déi op Är Besoinen zougeschnidden sinn.
Den Ëmfang vun de Servicer vun FIACCOM an eis Steierberodung ëmfaassen:
-
d'Erstellung vun de Steiererklärungen fir physesch Persounen a Gesellschaften
-
d'Ufro vun Steierbonifikatiounen
-
d'Nobearbeschtung vun Steierbulletinen, Reklamatiounen an Ufroen
-
d'internationalt Steierwiesen, an d'Konventioune géint d'Duebelbesteierung
-
d'Berodung a Bezuch op eventuell méiglech Steiervergënschtegungen
-
d'TVA-Erklärungen an d'Ufro vun eventuellen TVA-Remboursementer
-
asw.
Management- an Steierberodung fir Betriber a Privatpersounen
FIACCOM bitt moossgeschneidert Berodung un fir den individuelle Besoine vun all Client gerecht ze ginn, egal ob Dir eng Privatpersoun, en Indépendant, eng fest etabléiert Firma oder en Firmengrënner sidd. Transforméiert Är Visioun a Realitéit: Hutt Dir en Entrepreneursgeescht an wëllt Är eege Firma grënnen? FIACCOM bitt Iech eng komplett Pallett u Servicer, déi all d'Bedierfnesser vum Grënner ofdecken, souwuel am Beräich vun der Berodung, der Analyse wéi och am Beräich vun der Gestioun.
Mir ënnerstëtzen Iech bei:
-
der Grënnung, Transformatioun, Domiziliéierung an Administratioun vu Gesellschaften
-
der struktureller a steierlecher Planung
-
den Formalitéiten zur Etablissements- an Aarbeschtserlabnis, dem Verkaf, der Iwwerdroung, ewéi och der Nofolge-Planung vun Ärem Betrib
Ënnerstëtzung bei der Gesellschaftsgrënnung
FIACCOM begleet Iech bei all Schrëtt, déi mat der Grënnung vun Ärer Gesellschaft zu Lëtzebuerg verbonnen ass, sief et d'Preparatioun vun de Statute mat engem Notaire, oder d'Registreierung bei de Steier- a Sozialautoritéiten.
Domiziliéierung vu Gesellschaften
Als Member vum „Ordre des Experts-Comptables Luxembourg“, ass FIACCOM, konform zum Gesetz vun 1999 ff. (déi d'Domiziliéierung vu Gesellschafte regléiert) autoriséiert, ënner Anhaalung vun den strikten Obligatiounen an Sorgfaltspflichten, d'Aktivitéit vun der Domiziliéierung vu Gesellschaften auszeféieren.