top of page
Foire aux questions
- 01FIACCOM ass eng Fiduciaire déi hire Clienten hir Kompetenz a villen Beräicher ubitt, wéi zum Beispill: Comptabilitéit Steiererklärungen Gestioun vun den Salairen an aner administrativ Servicer Management- a Steierberodung fir Betriber a Privatpersounen Ënnerstëtzung bei der Gesellschaftsgrënnung Domiziliséierung vu Gesellschaften asw. D'Beherrschung vun op d'mannst de gängegste Sproochen zu Lëtzebuerg (Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Däitsch), kombinéiert mat eiser fachlecher Kompetenz an eisem Netzwierk zu Lëtzebuerg, ewéi och an der Groussrégioun, si exzellent Konditioune fir eng verlässlech Partnerschaft zesummen mat eise Clienten.
- 02Jo, FIACCOM ass Member vum "Ordre des Experts-Comptables": https://oec.lu/myeteam/index.htm#HOME/3
- 03Eis Clientë sinn déi folgend: Sociétés Personnes physiques Indépendants Administrateurs indépendants Professions libérales Fondations & ASBL Zéckt net, eis ze kontaktéieren, wann Dir Froen hutt.
- 04FIACCOM schafft fir Betriber a Privatpersounen.
- 05Jo, well als Chef vun enger Entreprise ass et wichteg fir de gudde Fonctionnement vun Ärer Entreprise ze garantéieren, ënnert aanerem d’Rentabilitéit ze iwwerwaachen an déi richteg Entscheedungen zu der richteger Zäit ze treffen. Et ass dofir onerlässlech, op eng organiséiert an aktuell Comptabilitéit zréckzegräifen ze kënnen. Fir d'Evolutioun vun Ärer Entreprise mëttel- a laangfristeg ze plangen, hëlleft d'Analyse vun Äre Bilanen a Gewënn- a Verloschtkonten, wéi och d'Extrapolatioun vun all dësen Donnéeën, Iech bei der Wiel vun strategeschen Optiounen. FIACCOM ënnerstëtzt Iech bei: der Organisatioun an dem Féiere vu Comptabilitéitspläng der Kontroll an der Erfaassung vun Buchungsbeleeg der Comptabilitéit vun den Débiteuren, oppenen Posten an Echeancen der Comptabilitéit vun de Fournisseuren an den Echeancen der Finanzbuchhaltung der Opstellung an der Analyse vun de Bilanen de Steiererklärungen den INTRASTAT-Erklärungen der Opstellung vun den TVA-Erklärungen der Analyse, Statistik an der Berechnung vun de Ratioen der Preparatioun vun de Generalversammlungen der Publikatioun vun de gesetzlech obligatoreschen Dokumenter/ Informatiounen asw.
- 06Jo, FIACCOM ënnerstëtzt d‘Direktioun mat enger kompletter Pallett u Servicer a Leeschtungen am Beräich vun der Personalverwaltung. Dës Offer deckt alles of, wat obligatoresch, noutwenneg an nëtzlech am Beräich vun der Sozialgesetzgebung ass. Eis Offer ëmfaasst: d'Erstellung vun de monatleche Gehaltsziedelen pro Mataarbechter d'Erstellung vun de Gehaltszertifikater um Enn vum Joer bzw. um Enn vum Vertrag d'Erstellung vun de monatleche Sozialversécherungserklärungen d'Erstellung vun den Ufroën fir d'Remboursement vun de Krankheetsindemnitéiten d'Gestioun vum Detachement vun de Mataarbechter d'Ënnerstëtzung bei der Redaktioun vun Aarbechtskontrakter, Korrespondenzen, etc. d'Ënnerstëtzung am Beräich vum Aarbechtsrecht a Sozialversécherungen d'Gestioun vun den Personal-Dossieren asw.
- 07Jo, FIACCOM ënnerstëtzt Iech an de verschiddene Beräicher vun den Steieren. Eis empfangraich Erfahrung mat der Besteierung vu physesche Persounen, souwéi déi déifgräifend Kenntnisser vun der Besteierung vu Gesellschaften a fräiberuffleche Beruffer, erlaben eis, Iech Léisungen unzebidden, déi op Är Besoinen zougeschnidden sinn. Den Ëmfang vun de Servicer vun FIACCOM an eis Steierberodung ëmfaassen: d'Erstellung vun de Steiererklärungen fir physesch Persounen a Gesellschaften d'Ufro vun Steierbonifikatiounen d'Nobearbeschtung vun Steierbulletinen, Reklamatiounen an Ufroen d'internationalt Steierwiesen, an d'Konventioune géint d'Duebelbesteierung d'Berodung a Bezuch op eventuell méiglech Steiervergënschtegungen d'TVA-Erklärungen an d'Ufro vun eventuellen TVA-Remboursementer asw.
- 08Jo, FIACCOM hëlleft Iech bei: Comptabilitéit Steiererklärungen Gestioun vun den Salairen an aner administrativ Servicer Management- a Steierberodung fir Betriber a Privatpersounen Ënnerstëtzung bei der Gesellschaftsgrënnung Domiziliséierung vu Gesellschaften asw
- 09Jo, FIACCOM bitt Iech déi folgend Servicer un: Comptabilitéit Gestioun vun de Salairen an aner administrativ Servicer Management- an Steierberodung fir Betriber a Privatpersounen Ënnerstëtzung bei der Gesellschaftsgrënnung
bottom of page
